1. Transfert
Photo par Paul Krier
11 January 2024
Nabil Dirar, 46-fache marokanëschen Nationalspiller, Meeschter 2017 matt der AS Monaco an 2021 mam FC Brugges wäert bäim FCS fir de Rescht vun der Saison oplaafen a gouf am Siège vun CAP4 vun eisem Präsident Fabien Zuili der Press offiziell virgestallt.
De Nabil hat a senger groussen Profikarriär ënner anerem 157 mol an der 1. belscher Liga, 79 mol an der Tierkei a 76 mol a Frankräich gespillt an dobäi och nach 16 Champions-League-Matcher an 13 Matcher an der Europa League gespillt.
Mir freeën eis datt sech de Nabil fir eis entscheed huet a sinn iwwerzeegt dass mir matt him eis Ziler ereeche wäerten.
Allez Schëffleng.