Groussen Télévie Weekend 2019


28 April 2019

D’Gemeng Schëffleng ass houfreg dëst Joer ee vun de fënnef Zenteren (Centres de Promesses) fir den Télévie ze sinn.

Vill Veräiner awer och Geschäfter, Privatleit a Schoulkanner hunn an deene leschte Méint genial Aktioune gestart fir Suen ze sammelen.

Mir invitéieren dofir jiddereen de 26. a 27. Abrëll op d’Plaz virun der Gemeng fir dee grousse Showdown vum Télévie.

Freides (26.04) ass um 18h45 d’Ouverture an direkt dräi ënnerschiddlech Concerte stëmmen Iech an den Télévie Weekend an.

Samschdes (27.04) fänke mir mat RTL Telé fréi mueres un. Um 7h45 ass schonn déi éischt vu ville Scheckiwwerreechungen an esou geet et de ganzen Dag iwwer weider: Lëtzebuerger Musekgruppe suerge fir eng gutt Stëmmung an an engem kulinareschen Duerf kënnt Dir Iech verwinne loossen. Déi verschiddenst Aktivitéite ginn ugebueden: Sport, Zauberei, Virféierungen, Ablécker an Autoen, Départen an Arrivéeën, Spiller a Baler – et gëtt sécher kengem langweileg. Um 19h ass déi grouss Scheckiwwerreechung!

Den F.C. Schëffleng 95 huet am Ganzen eng €4.762.89.- fir den Télévie gesammelt. 

 source: http://www.schifflange.lu/groussen-televie-weekend/