FC Schëffleng - Tricolore Gasperich 3 - 0 (Coupe de Luxembourg Réserves)

Goaler 2 mol duerch de Mustapha an 1 mol duerch den Admilson.

Gaasperech hat gutt Spiller dobäi an hat versicht iwwert Standardsituatiounen zum Erfolleg ze kommen. Mir waren zwar iwwerleeën mee et hat laang gedauert bis mir den éischten Goal schéissen konnten.

An der éischter Halschent konnten si nach physesch mat halen mee wärend den zweeten 45 Minutten goung hinnen lues a lues d'Loft aus an mir konnten eis vill gutt Goalchancen erausspillen mat ënner anerem 4 Latentreffer an de Gaasperecher Goalkeeper konnt nach en méi héicht Resultat verhënneren. Trotzdeem konnten mir nach 2 Goaler noleeën an ech kann am groussen Ganzen mat der Leeschtung vun der Equipe zefridden sinn well bäi eis de Ball relativ gutt zirkuléiert war obwuel et ëmmer schwéier ass fir géint esou defensiv agestallten Equipe ze spillen déi hir Gléck nëmmen mat laangen Bäll versichen.

 

 

Tim Holbach – Alen Dautbasic – Heinir Pires – Julien Mendy –Djamilo Monteiro – Julien L’Hote – Kevin Lemmer – Paulo Mendes – Mustapha Ouaissa – Admilson Mendes – Abdoulaye Niang

Ersatzspiller: 

Claude Dos Santos – Pedro Bernardo – Adilson Dos Santos – Jean-Pierre Lemmer

 

giel Kaarten fir den Claude Dos Santos an den Djamilo Monteiro