Coupe de Luxembourg - F.C. Schëffleng 95 - FC Lorentzweiler 2-1

Fir de Optakt vun der Coupe de Luxembourg hat den F.C. Schëffleng 95 d'Equipe vum FC Luerenzweiler bäi sech um Terrain 1 empfaangen. Virun Match haten d'Gäscht d'Favoritteroll haten si dach Ënn d'lëscht Saison nëmmen an den Schlussminutten den Opstig an d'Éierepromotioun am Barragematch géint den FC Mamer mat 0 - 1 verluer.   

 

Um Ënn vum Match stoung et awer 2 -1 fir eis Jongen an dat an engen ganz engagéierten awer fairem Match.

Vun Ufank un waren et déi Schëfflenger déi dem Match de Stempel opgedréckt haten an schoun no 3 Minutten duerch e Goal vum Valdes Pieume a Féierung goen sollten andeems hien dem géignereschen Goalkeeper mat engem dréchenem Schoss aus gutt 12m keng Chance gelooss hat.

Den fréien Goal hat eiser Equipe gutt gedoen an si waren déi éischt 15 Minutten och spillbestëmmend ouni sech awer eng weider reell Goalchance erauszespillen.

Lues a lues koum Luerenzweiler awer nees an de Match an no engem déiwen Pass tëschent eiser Defense koum den Moro Andrea un de Ball an hien hat eisem Goalkeeper, nodeems hien zwee Géigespiller am Stroofraum ausgespillt hat, um falschen Fouss erwëscht an den Ausgläich markéiert.  

Den Ausgläich hat eis Equipe iergendwéi aus der Roll bruecht an am Uschloss waren et d'Gäscht déi de Match an d'Hänn geholl haten och well si einfach méi aggressiv am Zweekampf verhalen waren an mir d'Raim tëschen dem Mëttelfeld an der Verdeedegung einfach ze grouss gehalen haten ouni wierklech Zougrëff ze kréien. Obschonn Luerenzweiler zwee Fräistéiss an e puer Corneren zougesprach krut konnten si awer eisen Goalkeeper net an Gefor bréngen.  

Géint Ënn vun der éischter Halschent gouf de Match erëm méi ausgeglach an et war den Jonathan Sabot den an der 38. Minutt per Kappball no engem Corner vun riets onhaltbar fir den géignereschen Goalkeeper zum 2-1 anetzen sollt.

Direkt nom Upaff vun der zweeter Hallschent haten d'Spiller an orange versicht méi Drock op eisen Goal auszeüben mee eis Jongen haten net weider vill Problemer fir den Luerenzweiler Ausgläich ze verhënneren an koumen selwer zu e puer gudden Aktiounen wat och schonn déi fréi Entscheedung bedeit gehat hätt esou z.B. duerch e wonnerschéinen Wäitschoss aus ronn 25 m vun Dylan Victor den allerdéngs mat voller Wucht op der Lat gelant war an den uschléissenden Versuch vum Kelton Cabral den Ofpraller am Goal ënnerzebréngen d'Ziel ganz knapp verfeelt hat.

Et sollt bis zum Schluss spannend bleiwen an dat well Luerenzweiler ni opginn an bis zum Schluss drun gegleeft hat an duerch hiren Zentralstiermer Ndou Makhtar an den Schlusssminutten (85. an 92.) nach zwou ganz gutt Aschossméiglechkeeten hat déi awer all Kéiers vun eisem Goalkeeper (Jason Georg) in extremis ofgewiert konnten ginn.

Déi verstäerkten géigneresch Offensivbeméihungen an der Schlussphase hat dem FC Schëffleng erlaabt sech nach e puer 100% Goalchancen erauszespillen an et waren den Jonathan Sabot an der 86. Minutt an zweemol den Kelton Cabral an der 90. an 93. Minutt déi jeeweils an aussiichtsräicher Positioun et net fäerdeg bruecht haten den entscheedenden Treffer ze markéieren.

Nodeems Luerenzweiler an der 95. an 96. Minutt nach zwee Fräistéiss vum Arbitter zougesprach kruten war d'Freed op Schëfflenger Säit verständlecher Wéis grouss wou den Här Da Costa dësen Match ofgepaff hat.

Domadder steet den F.C. Schëffleng no engem flotten an spannendem Coupematch fir d'Zuschauer an der zweeter Ronn vun der Coupe de Luxembourg déi Sonndes den 23. September ausgedroen wäert ginn.

Mir hoffen elo datt d'Glécksfee eis en attraktiven Géigner bäi eis zu Schëffleng auslousen wäert.

 

Den F.C. Schëffleng hat mat folgender Opstellung gespillt:

Jason Georg, Valdes Pieume, Christopher Tafer, Mithat Hot, Nick Schonckert, Dylan Victor, Dorian Treport, Carlos Moreira, Kelton Cabral, Jonathan Sabot, Asad Muratovic

Ersatzspiller: Buddy Triebel, Julien L'Hote, Djamel Lachi, Admilson Mendes, Kevin Lemmer

58': Julien L'Hote fir den Carlos Moreira

82': Buddy Triebel fir den Asad Muratovic

90': Admilson Mendes fir den Jonathan Sabot